Aktuelles
Large Scale Testing: "Sozial Verantwortung vum Eenzelen"
4 min
De Large Scale Testing fir de Coronavirus wier wéi d'Solidaritéit beim Impfen: "Et fonctionéiert just wann e groussen Deel matmécht", esou de Fuerscher Alexander Skupin, Member vun der Corona-Task Force.
Déi 53.000 Tester vun der zweeter Phase (vun August un), déi pro Woch solle gemaach gi, wieren en "eenegermoosse gelongene Kompromëss". Reng aus wëssenschaftlecher Vue wier et gutt, wann nach méi Leit géife reegelméisseg getest ginn. Mee et misst een och kucke, wéi vill Tester een de Leit kéint zoumudden ouni den Eenzelen z'iwwerfuerderen.
Mat 53.000 Tester pro Woch kéint een jiddefalls relativ effektiv virgoen a ganz séier positiv Fäll identifizéieren, och bei Leit déi guer keng oder nach keng Symptomer vun der Covid-19-Krankheet hunn.
De Jean-Claude Franck huet sech mam Alexander Skupin ënnerhalen.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)