Aktuelles
"Lëtzebuerger Journal" gëtt eng Online-Zeitung
Déi liberal Dageszeitung "Lëtzebuerger Journal" stoppt Enn des Joers d'Produktioun vun hirer Print-Versioun. Vun 2021 u wëllt de "Journal" sech op seng digital Offer konzentréieren. Eng Publikatioun op Pabeier bleift Deel vum Konzept, dës soll awer manner dacks erschéngen.
Déi Iwwerleeung hätt ee scho méi laang geféiert, seet den Direkter a Chefredakter Claude Karger. Mee d'Decisioun wier wéinst der Corona-Kris elo méi séier getraff ginn: D'Revenuen aus den Annoncë wieren déi lescht Méint agebrach, an et géif een op deem Marché net vun enger séierer Relance ausgoen.
De geneeë Finanzéierungsmodell fir den neie Produit steet nach net, erkläert de Claude Karger am Gespréich mam Pia Oppel.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)