Déjà Vu
Roxy Music - For Your Pleasure
"For Your Pleasure" ass deen zweeten Album vun der brittescher Band a kënnt um Label E.G.Records eraus. Och T. Rex an Emerson, Lake and Palmer publizéieren hei. Produzéiert gëtt d'LP vum Chris Thomas an dem John Anthony, zesumme mat de fënnef Museker. Den Thomas huet bis dohinner ë. a. fir Procol Harum a Badfinger geschafft, dräi Joer méi spéit sollt hien de legendären Punk-Album "Never Mind The Bollocks" vun de Sex Pistols produzéieren.
De Fred Medernach kuckt nach emol zeréck op d'Zesummenaarbecht vu Ferry/Eno, déi duerno a verschiddene musikalesche Richtunge weiderschaffen.