Aktuelles
Vum Kartsport bis bei de Porsche Mobil 1 Supercup - Deel 1
D'Topdräi um Enn vum Championnat vun dëser Saison a spéider "Wierksfuerer" ze ginn, ass dem jonke Sportzaldot säi Bléck op d'Zukunft. D'Virbiller vum Dylan Pereira sinn de verstuerwene Formel 1 Pilot Ayrton Senna an de Lewis Hamilton.
Net den Auto, mee de Chauffer mécht alles aus bei eise Coursen, seet den Dylan Pereira, deen zanter datt hie véier Joer al ass, begeeschter ass vu séieren Autoen an Courssen. Zanter e puer Joer ass de jonke Pilot am Rennsport dann och professionell ënnerwee.
Wann d'Rennpisten zou si wéi elo am Confinement, gëtt awer geüübt um sougenannten Virtuel Reality Simulator, kuerz SIM. En Training, deen dem Dylan Pereira fir seng eege Courssen ze gutt koum.
Iwwer seng kleng Ziler, déi all un ee grousst Zil feiere sollen, huet de Sportzaldot dem Angie Maqul bei engem gemittleche Spadséiergang verzielt. (2. Deel 15.6.)
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)