Bewosst Gesond
Ersatz fir Zocker
Net just fir Leit mat Diabetes ass ze vill Zocker, a besonnesch ze vill einfachen Zocker, net gesond.
"E mécht déck", soen déi eng. Dat ass awer nëmme bedéngt wouer, well all d'Zockeren, och d'Stäerkt, bréngen dem Kierper 4 Kcal op 100 Gramm. Et ass méi d'Kombinatioun vun einfachen Zockeren a Fett, wéi am Kuch, Kichelcher, Schockela an aner Séissegkeeten, déi ka schlecht Auswierkungen op eist Gewiicht an eis Gesondheet hunn. Awer och vill Zocker a flësseger Form, esou wéi een dat a Cola, Limonaden an anerem séisse Gedrénks fënnt, wierkt sech negativ op d'Gewiicht aus.
Besonnesch fir Leit mat Diabetes ass e reduzéierten Zockerkonsum wichteg, well ze vill Séisses de Bluttzocker an d'Luucht dreift an d'Behandlung vum Zocker erschwéiert.
Weider Detailer vum Angie Maquil am Gespréich mat der Dieteticienne Sylvie Paquet, Chargée de direction vun der Maison du Diabète.