Bewosst Gesond
Gesond Ernärung am Alldag fir Diabetiker a fir jiddwereen
Eng gesond Ernärung am Alldag ka jiddwereen ëmsetzen, dat gëllt net nëmme fir den Zocker-Patient. Méi Geméis an Uebst a manner Fleesch, wa Fett, dann dat richtegt Fett. An Zocker? Och fir Leit mat Diabetes ass normalen Zocker mat Moossen an der Ernärung kee Problem. Besser wéi op Produkter mat Séissstoff oder aner light Produiten zeréckzegräifen, ass et ze léiere manner séiss ze iessen.
Presentéiert vun der Dieteticienne Sylvie Paquet, Chargée de direction vun der Maison du Diabète an op http://www.ald.lu