arrow_back_ios
Bewosst Gesond
Ernärung an Zockerkrankheet
Wann ee vun Diabetes, oder wéi mir op Lëtzebuergesch soen, "Zocker" schwätzt, musse mir direkt emol déi zwou Haaptformen ënnerscheeden: Diabetes vum Typ 1 a vum Typ 2 .
Béid Formen zeechne sech duerch erhéicht Zockerwäerter am Blutt aus, mee fir de Rescht sinn et zwee ganz verschidde Krankheetsbiller.
Presentéiert vun der Dieteticienne Sylvie Paquet, Chargée de direction vun der Maison du Diabète. Detailer op http://www.ald.lu