Aktuelles
SOLAWI steet fir solidaresch Landwirtschaft
D'Iddi vun der Solidarescher Landwirtschaft huet an de 60er Joren a Japan ugefaangen, bedéngt duerch ëmmer méi negativ Aflëss aus der Ëmwelt an datt d'Leit ee méi bewossten Ëmgang mat hirer Ernärung a Gesondheet ugestrieft hunn. D'Beweegung huet sech dunn iwwer d'USA an Europa installéiert, allerdéngs huet et laang gedauert, bis se bei eis ukoum.
Aktuell sinn hei am Land siwe Betriber dësem Netzwierk ugeschloss, Geméis- a Fleeschbaueren. Si hu sech an de Corona-Pandemie-Zäiten missen ëmstellen oder upassen an d'Demande vun neie Betriber geet grad elo net zeréck, och net déi vum Konsument. Detailer mam De Marc Jacobs, landwirtschaftleche Beroder a Coordinateur vun dëser Plattform.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)