Aktuelles
Sports pour tous vun der Stad Lëtzebuerg och an der Corona-Kris
Duebelen Asaz an eng Identifikatioun mam Trainer: Den Trainer ze gesinn, ass Motivatioun fir ze üben - Vu 600 Memberen hu sech bannent kuerzer Zäit 1.200 Memberen am Facebook-Sport-Grupp vun der Stad Lëtzebuerg mobiliséiert.
Mat engem dynamesche Programm, Sport vun doheem zweemol an der Woch, deen iwwer déi sozial Medie proposéiert gëtt, wëllt den Celestino Fecchi, Trainer bei Sports pour tous vun der Stad Lëtzebuerg, all Sportbegeeschterten erreechen: Vu Kanner bis bei Senioren.
Datt dat esou gutt ukënnt, hätt den Trainer net geduecht. D'Leit si motivéiert wa si hie gesinn. Si wëlle sech mat him identifizéieren, dofir ass de visuelle Kontakt hei ganz wichteg. Dësen Trainingsprogramm, anescht wéi gewinnt an der Hal, verlaangt vill Energie vun him. Hien ass awer ganz iwwerwältegt vun de léiwe Messagë vun de Leit.
Den Celestino Fecchi wëllt esou laang weidermaachen, wéi et muss si, duerno geet et awer nees an d'Sportshal.
D'Angie Maquil huet mat him geschwat.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)