Bewosst Gesond
Eeër - wat mécht se esou wäertvoll?
En Ee verstoppt ënner senger Schuel vill wichteg Närstoffer, wéi Eewäiss, Vitaminnen a Mineralien. Dat mécht et zu engem klengen Kraaftpak.
D'Ee, egal ob d'Schuel brong oder wäiss ass, enthält wäertvollt Eewäiss, dat gutt verdaulech ass. De mënschleche Kierper kann dëst Eewäiss quasi zu 100 Prozent verwäerten. Den Eewäissgehalt am Eegiel ass erstaunlecherweis méi héich, wéi am Wäisse vum Ee.
De Fettgehalt ass insgesamt net héich a konzentréiert sech ausschliisslech am Dueder, genee wéi de Cholesterol. Dëse beaflosst de Cholesterolspigel iwwregens kaum, entscheedend fir de Cholesterolspigel am Blutt ass éischter d'Qualitéit vun de Fetter an der Ernärung. Et soll ee méi op Planzefetter zeréckgräifen.
Déi wichtegst Vitaminn am Ee ass d'Vitaminn A. Dës Vitaminn suergt dofir, datt d'Aen elastesch bleift, an datt mir nuets besser gesinn.
Duerch hir Zesummesetzung sinn d'Eeër e gudden a bëllegen Fleesch- a Fëschersatz. Esou réit de Ministère am Kader vu senge Richtlinne fir eng gesond Ernärung an de Kannerbetreiungsstrukturen all zwou Wochen e Plat op Basis vun Eeër op de Menü ze setzen, fir d'Fleesch oder de Fësch ze ersetzen. Eeër kënnen a verschiddene Varianten ugebuede ginn: haartgekacht, als Omlett oder als Eeërtriwwel.
Wien eppes fir d'Wuel vum Déier maache wëllt, dee gräift entweder op Bio-Eeër zeréck, oder op Eeër vun Hénger aus senger Géigend, wou ee gesäit, wéi se gehalen a gefiddert ginn. D'Angebot u Lëtzebuerger Eeër kann d'Nofro erfëllen. D'Vilfalt un Zoubereedungsméiglechkeete fir Eeër ass riseg, si hunn och duerfir ouni Zweiwel hir Plaz an enger gesonder Ernärung.
Ernärungsrotschléi vun der Dieteticienne Liz Mersch, presentéiert vum Angie Maquil.
Episoden
![Superfood: Mythos oder Realitéit?](/1_Foto/100komma7.lu/188293/image-thumb__188293__base_thumbnail/Superfood.9c69e1d9.jpg)
Superfood: Mythos oder Realitéit?
Wat si Superfoods a wat stécht wierklech hanner dem Hype?
![Entdeckungsrees an d’Räich vun de Kraider aus der Provence 2/2](/_default_upload_bucket/188167/image-thumb__188167__base_thumbnail/Artemisia.c0a8eaf7.jpg)
Entdeckungsrees an d’Räich vun de Kraider aus der Provence 2/2
Zesumme mat der Ernärungsberoderin Lis Muller geet et op d‘Entdeckungsrees „Saveurs et Senteurs“ vun de Kraider aus der Provence.
![KI an der Hotelschoul](/1_Foto/100komma7.lu/60262/image-thumb__60262__base_thumbnail/Hotelschoul%20Direkter%20Michel%20Lanners.29fc4ff3.jpg)
KI an der Hotelschoul
Wéi sech d'Hotelschoul mat der Kënschtlecher Intelligenz ausernanersetzt a se integréiert.
![D’Räich vun de Kraider aus der Provence - 1/2](/_default_upload_bucket/185410/image-thumb__185410__base_thumbnail/Provincial%20herbs.863eafd7.jpg)
D’Räich vun de Kraider aus der Provence - 1/2
Zesumme mat der Ernärunsgberoderin Lis Muller geet et op Entdeckungsrees an d’Räich vun de Kraider aus der Provencee: e klengen Iwwerbléck iwwer eng Saveur-et-Senteurs-Rees.
![Nei Gentechnik: steet eis Walfräiheet an der Liewensmëttelauswiel um Spill?](/1_Foto/100komma7.lu/183895/image-thumb__183895__base_thumbnail/Tomat%20DNA%20Spr%C3%ABtz.065c6b45.jpg)
Nei Gentechnik: steet eis Walfräiheet an der Liewensmëttelauswiel um Spill?
Déi Europäesch Unioun plangt d‘Reglementer fir nei Gentechnik ze lockeren, mam d'Zil, d‘Entwécklung an d‘Benotze vun esou Technologien an der Landwirtschaft ze fërderen.
![Beien | © Bigstock / Davizro Photography Den Hunneg a a seng erstaunlech Wierkungen | © Bigstock / Davizro Photography](/1_Foto/100komma7.lu/184123/image-thumb__184123__base_thumbnail/Hunneg.878d47f4.jpg)
Den Hunneg a a seng erstaunlech Wierkungen
Souwuel als Liewensmëttel wéi och an der Kosmetik beléift, an e gëllt och als Heelmëttel.
![Fuddermëttelkontroll: Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Notz- an Hausdéieren](/1_Foto/100komma7.lu/181120/image-thumb__181120__base_thumbnail/Hond%20Fudder.2e8847ac.jpg)
Fuddermëttelkontroll: Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Notz- an Hausdéieren
D’Fuddermëttelkontroll vun der ALVA këmmert sech zu Ettelbréck ëm d’Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Haus- an Notzdéieren.
![Alles ronderëm den Huewer](/1_Foto/100komma7.lu/179881/image-thumb__179881__base_thumbnail/Huewermiel.ee843daf.jpg)
Alles ronderëm den Huewer
Huewer ass méi Nährstoffräich wéi aner Kärenzorten
![Stressiessen](/legacy/images/4789/image-thumb__4789__base_thumbnail/St%C3%A9phanie%20Rosquin.8bb1c9cd.jpg)
Stressiessen
An enger Zäit wou Stress en ëmmer präsenten Begleeder ginn ass, greife vill Leit zu Iessen als Copingmechanismus. Mee wat genee ass Stressiessen?
![Fake News am Beräich Ernärung](/_default_upload_bucket/176818/image-thumb__176818__base_thumbnail/Spinat_1.8705e77b.jpg)
Fake News am Beräich Ernärung
Et ginn eng Onmass Zäitschrëften, Bicher, Internetsäiten iwwer gesond Ernärung,iwwer Regimmer oder Rotschléi fir physesch méi fit ze ginn. Wéi weit sinn dös Informatioune richteg, wéi funktionéiere fake News?
![Tourismus a Wuelbefannen an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg](/1_Foto/100komma7.lu/172070/image-thumb__172070__base_thumbnail/Isabelle%20Frank%20Photo.eee0424d.jpg)
Tourismus a Wuelbefannen an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg
Eng Weltrees, déi op 4ème ze Lëtzebuerg an an der Groussregioun ufänkt an op der 1ère a Mikronesien am Pazifik ophält
![Permanent Kontrollen um Findel vun der Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung](/1_Foto/100komma7.lu/171419/image-thumb__171419__base_thumbnail/Liewensm%C3%ABttelkontroll.ebff6804.jpg)
Permanent Kontrollen um Findel vun der Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung
D'ALVA, d'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire kontrolléiert reegelméisseg vill Déieren a grouss Quantitéite Planzen a Liewensmëttel aus Drëttstaaten, déi bei eis an d‘Land importéiert ginn.
![Marathon | © Bigstock / Pavel1401 Gutt iessen, gutt lafen | © Bigstock / Pavel1401](/1_Foto/100komma7.lu/170258/image-thumb__170258__base_thumbnail/Marathon.91fcda41.jpg)
Gutt iessen, gutt lafen
Déi richteg Ernärung fir e Marathon ze lafen
![Microgreens a Sprossen: eng Extra-Portioun Vitaminnen a Mineralien](/1_Foto/100komma7.lu/168923/image-thumb__168923__base_thumbnail/Microgreens.b9b871e7.jpg)
Microgreens a Sprossen: eng Extra-Portioun Vitaminnen a Mineralien
Se si knackeg, frësch, schaarf oder wierzeg a liwweren eis eng héich Konzentratioun un Nährstoffer a kënnen dat ganzt Joer liicht gezillt ginn.
![Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul](/1_Foto/100komma7.lu/154157/image-thumb__154157__base_thumbnail/Steve%20Lentz.162bfc57.jpg)
Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul
Ökologeschen Engagement an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg an net nëmmen eng Äntwert op en Trend vum Marché
![D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet](/1_Foto/100komma7.lu/153173/image-thumb__153173__base_thumbnail/Glycemic%20Index.6f92e394.jpg)
D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet
Reegelméisseg ze héich Bluttzockerwärter sinn ee Risikofacteur fir Prädiabeetes an Diabeetes Typ 2.
![© Bigstock Schlank am Schlof: geet dat? | © Bigstock](/1_Foto/100komma7.lu/153485/image-thumb__153485__base_thumbnail/Mann%20dee%20schl%C3%A9ift.16245819.jpg)
Schlank am Schlof: geet dat?
Ernärung a Schlof sinn zwee wesentlech Piliere fir eis Gesondheet a Wuelbefannen.
![Entzündungen am Kierper an den Afloss vun eiser Ernärung](/1_Foto/100komma7.lu/145511/image-thumb__145511__base_thumbnail/Bewosst%20Gesond%2006.03.b19043a8.jpg)
Entzündungen am Kierper an den Afloss vun eiser Ernärung
Wéi eng Relatioun gëtt et bei der Entwécklung, vu de sougenannte " tëllen Entzündungen", mat der Ernärung
![D‘Rommel Bommel an hir Frënn](/1_Foto/100komma7.lu/143918/image-thumb__143918__base_thumbnail/Roud%20Rommelen_1.4704232d.jpg)
D‘Rommel Bommel an hir Frënn
Mam villfältege Wantergeméis der Rommel entdecke mir Neies aus der Schmaachschoul.
![Liewensmëttelsécherheet an d'Vermaartung](/1_Foto/100komma7.lu/142187/image-thumb__142187__base_thumbnail/Patrick%20Hau%202.7dd8f4c9.jpg)