Aktuelles
Wéi funktionéiert de Centre de soins avancés an der Däichhal?
Déi véier regional Centres de soins avancés um Kierchbierg, zu Esch, Ettelbréck a Gréiwemaacher funktionéieren zanter enger Partie Deeg. Déi maximal Capacitéit vun am Ganzen 2.600 Patiente pro Dag ginn dëser Deeg an den Zenteren nach bei Wäitem net erreecht. Déi Responsabel weise sech awer prett, fir de Fall, datt d'Zuel vu Patiente wéinst der Corona-Kris viru klëmmt.
Fir de Moment sinn déi medezinesch Zenteren all Dag vu moies 8 bis owes 8 Auer op, a bis zu aacht Doktere pro Zenter kënne parallel schaffen: also bis zu véier Dokteren an der Consultatiouns-Filière fir d'Patiente mam Coronavirus a bis zu véier Dokteren an der Behandlungs-Filière fir all aner Patienten.
De Serge Kesseler hat d'Geleeënheet sech de Centre de soins avancés zu Ettelbréck unzekucken: hei säi Reportage.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)