One World
Les Nuits Botanique 2020
60 min
Wéi all Joer maachen d'Nuits Botanique zu Bréissel den Optakt vun der Festival Saison de 29.4.-10.5.2020. E Festival, deen à l'écoute ass vun neie jonken Artisten, tatsächlech héiere mer gläich e puer knapp 20 Järeger, déi hir éischt CD virstellen, an och déi aktuell Produktioune vu confirméierte Gréisste stinn op der Affiche. Op nationaler wéi internationalem Niveau ginn déi verschidde Genre berécksiichtegt: Rock, Elektro, franséisch Chanson, Hip-Hop an aner Museksrichtungen, déi a keen Tirang passen.
De Kader ass ee vun deene schéinsten iwwerhaapt, déi al Zäre vum Kinnek mat senge conviviale klenge Sallen, de botanesche Park mam Zelt, an déi schéi Salle vum Cirque Royal, wäerten och dëst Joer nees den Zäitgeescht erklénge loossen.
Playlist:
Roscoe - Lowlands - Cracks (2012)
Crystal Murray - Princess - Single (2019)
Juicy - Over My Shoulder - Live Session (2019)
Watchoutforthegiants - Taking Back Time - Single (2019)
Flying Horseman - Where Do You Live - Set Reset (2020)
Victor Solf - Hero - Single (2020)
Roxaane - Esprit Qui Doute - Single (2019)
Baxter Dury - Slumlord - The Night Chancers (2020)
Baxter Dury - Carlas' Got A Boyfriend - The Night Chancers
Joan As Police Woman - Kiss - Joanthology (2019)
Philemon - Easy Way Out - Single (2019)
Other Lives - Lost Day - For Their Love (2020)
Oscar Jerome - Do You Really - Single (2018)
Mayra Andrade - Plena - Manga (2019)