Aktuelles
/ Grupp Luxair: "Et ass net flott fir eis, et ass net flott fir d'Clienten"
Grupp Luxair: "Et ass net flott fir eis, et ass net flott fir d'Clienten"
Bei de Luxair-Linneflich wieren d'Buchungen "drastesch agebrach", esou de Spriecher Joé Schroeder am 100,7-Interview. Och bei LuxairTours géifen et wéinst dem neiaartege Coronavirus manner Buchunge ginn.
Bei de Linneflich géif et ufänke ganz komplizéiert ze ginn. Virun allem Italie wier am Moment "een Challenge". Op Venedeg flitt d'Luxair bis den 2. Abrëll guer net méi. Op Mailand géif ee probéieren nach eng Kéier den Dag kënnen ze fléien. Fir op Roum goufen d'Volle vu méindes, mëttwochs a freides temporär gestrach.
Op aner Destinatioune wéi Genf oder London géif et de Moment zum Deel näischt bréngen ze fléien, well d'Leit net dohinner wéilten, huet de Luxair-Spriecher erkläert. De Grupp Luxair géif d'Situatioun Dag fir Dag analyséieren: eng Situatioun, déi sech permanent géif änneren, esou de Joé Schroeder. De Serge Kesseler féiert duerch d'Gespréich.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)