Aktuelles
SPFP fuerdert Récktrëtt vu Ministere François Bausch an Henri Kox
De Syndicat vun de Forces publiques SPFP gëtt net op, an d'Affaire Christian Schleck spléckt weiderhin d'Arméi, obwuel de President vun der Arméigewerkschaft Spal säi Posten behält. Gëschter Owend huet den Daachverband vu Police- an Arméigewerkschaft SPFP, nieft dem Récktrëtt vum Chef d'Etat-Major och dee vum Arméiminister François Bausch a sengem bäigeuerdnete Minister Henri Kox gefuerdert. Eng Äntwert, wéini et bei der Arméigewerkschaft zu enger Assemblée générale géif kommen, wou en neie Comité kéint gewielt ginn, wollt een awer net ginn. Detailer Michèle Sinner.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)