arrow_back_ios
Aktuelles
Brexit - Réck- an Ausbléck
Den Owend um 11 Auer Lokalzäit trëtt Groussbritannien aus der EU aus. Zu Lëtzebuerg plangen eng Partie Organisatiounen dofir eng sekulär Zeremonie. D'Zäit vum Protest a vun den Ausernanersetzunge wier eriwwer, seet d'Fiona Urquhart, Vertriederin vu Labour International hei am Land. Mee si, de Chris Garatt vun de Liberal Democrats an de britteschen Ambassadeur John Marshall, si sech eens, datt déi lescht Jore Spueren hannerlooss hunn. D'Françoise Keller huet mat hinnen doriwwer an iwwer d'Erausfuerderunge fir d'Zukunft geschwat.