arrow_back_ios
Déjà Vu
Genesis - The Lamb Lies Down On Broadway
Enn November 1974 kënnt de komplexen Duebelalbum vun den Englänner eraus - déi lescht Zesummenaarbecht tëschent der Band an hirem charismatesche Frontmann a Sänger Peter Gabriel.
"The Lamb Lies Down On Broadway", dee sechste Studioalbum vum brittesche Quintett, ass deen ambitiéisten an der Genesis-Discographie - et ass en duebele Konzeptalbum, dat heescht, hien erzielt an iwwer 95 Minutten eng Geschicht, an där alles zesummenhänkt, gebëndelt an 23 Eenzeltracken. Presentéiert vum Fred Medernach.
Musek