arrow_back_ios
Déjà Vu
Fairport Convention - Liege & Lief
1969 huet fir Fairport Convention net gutt ugefaangen. An engem Autosaccident sinn de Batteur an dem Gittarist Richard Thompson seng Frëndin ëm d'Liewe komm. Fairport Convention huet sech doropshin nei missen opstellen, mat engem neie Batteur an e Fiddel Spiller, dee méi konkret an d'Band mat agebonne gouf. Op "Liege & Lief" ass d'Band ronderëm d'Sängerin Sandy Denny nach méi Richtung Folk gewandert an hunn aus aler Musek eppes Neies geschafe wat rockt a swingt.
Musek