Aktuelles
Opreegung a Roserei bei Online Akeef
7 min
![on the headlines](/legacy/images/35459/image-thumb__35459__base_thumbnail/Paketzustellung.f7fab7f3.jpg)
Mir hunn neierdéngs och e Shop am Duerf, bei deem online bestallte Päck geliwwert ginn, am Fall wou een net doheem ass.
D'Madame am Shop ass dëser Deeg zimmlech genervt a gestresst, net nëmme well ganz vill lass ass, mee well et permanent Reklamatioune ginn.
Rose Matbierger, déi hir Päck net zur Zäit oder guer net kruten, oder Päck, déi futti geliwwert ginn asw. D'Madame am Shop, déi fir all déi Saachen näischt kann, muss sou munches iwwer sech ergoe loossen, och zerguttst Frechheeten, huet si mir verzielt, obwuel si dofir guer net Responsabel ass.
Den Europäesche Verbraucherzentrum hei zu Lëtzebuerg, CEC, mécht an deem Kontext en Appell un d'Verbraucher. Wie muss an dierf e Pack unhuelen? Wat geschitt, wann d'Livraisoun futti ass? A wat kann ee maachen, wann eppes Falsches geliwwert gouf?
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)