Déjà Vu
Thin Lizzy - Nightlife
Op hirem véierten Disk liwwere Thin Lizzy en iwwerraschend geschmeidege Sound. D'Produktioun ass glat a propper, Soul a Funk schläiche sech an de Mix an. SI waren och selwer vum Resultat iwwerrascht, wann net esouguer enttäuscht. De Phil Lynott, de Frontman a Bassist wier warscheinlech éischter mat enger méi réier a rockeger Ëmsetzung frou gewiescht. Dat gesot héiert sech "Night Life" 45 Joer duerno nawell zimmlech gutt un. D'Rock Band weist sech emol anescht, vläicht e bësse méi duuss, awer sécher net latzeg oder steril. Den Jamie Reinert huet eragelauschtert.