No grousse Bedenken huet déi kurdesch Féierung an Nordost-Syrien e Sonndeg Owend decidéiert, hir Sträitkräften 30 Kilometer ewech vun der tierkescher Grenz zeréckzezéien. Dëst fir weider tierkesch Ugrëff ze vermeiden, déi bis ewell schonn iwwer 700 Doudesaffer gemaach hunn. Hir politesch Optioune bleiwen zanter dem Amerikanesche Réckzuch limitéiert - Russland ass elo den eenzegen Intermediaire tëschent de Kurden, Ankara an dem syresche Regime. Detailer vun eiser Korrespondentin an Nordost-Syrien, d'Charlotte Bruneau.
arrow_back_ios
Aktuelles
Kënne syresch Kurde vu Russland virum al-Assad Regime vertruede ginn?
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
