arrow_back_ios
Aktuelles
Porte Ouverte am Generatiounsgaart zu Beefort
De Generatiounsgaart Beefort ass e pädagogeschen, generatiounsiwwergräifenden a participative Permakultur-Gaart vun der Gemeng Beefort, mam But, d'Natur an eist Iessen erëm méi no ze bréngen. Haaptsächlech Geméis an Uebst gëtt do ugebaut, ganz am Aklang mat der Natur an no de Prinzipie vun der Permakultur. D'Annick Feipel vum CELL, dem Center for Ecological Learning Luxembourg, ass responsabel fir dëse Gaart, a freet sech, wann dir e Samschteg op d'Porte Ouvert kommt.