Lescht Nuecht war zu Houston, am US-Staat Texas, den drëtten Debat fir d'Presidentschaftskandidate vun der Demokratescher Partei. De fréiere Vize-President Joe Biden stoung am Zentrum vun der Bühn an ass weiderhi vir an de Sondagen. Seng gréisst Konkurrenten an der Course fir d'Nominatioun heeschen den Ament Bernie Sanders an Elizabeth Warren. Beim Debat zu Houston gouf iwwer Waffegesetzer, Aussepolitik a Rassismus debattéiert. Hëtzeg gouf et, wéi et ëm d'Gesondheetsreform goung. De Pit Walté schwätzt mat 100,7-Korrespondent Philip Crowther iwwer den Debat.
arrow_back_ios
Aktuelles
US-Demokraten: Méi kloer Konkurrenz fir den Joe Biden
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
