Den 12. Mäerz si Sozialwahlen. Net nëmmen an de ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ass d'Personal opgeruff, seng Delegatioun ze wielen. Mee och d'Salariatskammer gëtt per Bréifwahl nei gewielt.
Wéi gesinn d'Salariéen aus deenen ënnerschiddleche Beruffsgruppen d'Aarbecht vun de Gewerkschaften an de Personaldelegéierte? A wat huet sech an de leschte Joren an hirem Secteur geännert?