arrow_back_ios
Aktuelles
Soja zu Lëtzbuerg
D'Sojaboun ass e wichtege Bestanddeel vum Fudder fir d'Déieren. Nach musse mir de Soja hei zu Lëtzebuerg importéieren, wat e groussen Impakt op d'Ëmwelt huet. Den Ubau vu Soja ass awer elo och zu Lëtzebuerg méiglech, esou d'IBLA, d'Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur. Doriwwer soll muer zu Ettelbréck an der Akerbauschoul op enger Konferenz geschwat ginn. De Pit Walté huet sech mat der Stephanie Zimmer vun IBLA ënnerhalen.