Den UNESCO-Programm "Man and Biosphere" ass am Joer 1971 an d'Liewe geruff ginn, mat dem Ziel d'Relatioun tëschent de Mënschen an der Natur ze verbesseren. Mat anere Wierder, mat dësem Programm ginn déi innovativ Approchen gefördert, déi eng wiertschaftlech Entwécklung ganz am Respekt vun sozialen, kulturellen an ekologesche Wäerter erméiglechen. Innerhalb vun dësem Programm ass et dann och méiglech eng ganz Regioun zu enger Réserve de biosphère unerkennen ze loossen. D'Gaëlle Tavernier, Coordinatrice bei PRO-SUD, erkläert firwat de Süden vum Land fir esou en Titel a Fro kënnt.
arrow_back_ios
Aktuelles
Kandidatur am Kader vum UNESCO-Programm "Man and Biosphere"
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
