Radioen

On air

Notturno  |  Florence Besch - Fusilli

play_arrow Live
arrow_back_ios

Déjà Vu

100komma7.lu / Déjà Vu

/ Jefferson Airplane - Volunteers

Jefferson Airplane - Volunteers

Mam Album "Surrealistic Pillow" an den zwee Single-Hits "Somebody To Love" a "White Rabbit" huet Jefferson Airplane zanter 1967 Erfolleg: de Sound vun der US-Westcoast ass zu där Zäit gefrot an d'Band ronderëm déi charismatesch Sängerin Grace Slick hat d'Lat héich geluecht fir déi nächst Produktiounen.

Besonnesch de fënneften Album "Volunteers" - den Album gëtt och alt emol mam Titel "Volunteers of America" bezeechent - confirméiert de quasi Kultstatus vun der Formatioun. Et ass alles dran, wat ugesot ass: politesch engagéiert Texter, acid Aflëss iwwer de ganzen Album verstreet, direkt Sprooch, exzellente Gittaresound, laang Live-Versioune vun de Lidder.

Den Album kënnt bei RCA Victor eraus - de leschte Release bei där Plackefirma, duerno publizéiert d'Band um eegene Label Grunt. Den Titelsong ass e kuerzen Anti-Krich-Song ... matzen am amerikanesche Vietnam-Trauma. D'Kompositioun "Wooden Ships" gëtt méi spéit ee vun de groussen Hits vu Crosby, Stills, Nash & Young.

Presentéiert vum Fred Medernach

Episoden

The Beatles - Please Please Me (03/1963)

Am Mäerz 1963 koum den Debutalbum vun de Fab Four aus Liverpool eraus.
headphones

10 min

play_arrow

Déjà Vu - John Martyn / Solid Air (1973)

Dem John Martyn seng Wuerzele leien am traditionelle Folk - mat sengem 1973er Album "Solid Air" huet hien de Genre e Stéck wäit nei erfonnt.
headphones

10 min

play_arrow

Déjà Vu - Simon & Garfunkel (Bookends, 1968)

"Mrs. Robinson" ass de bekanntesten Titel vum Simon & Garfunkel Album "Bookends" - et ass awer laang net alles, wat d'Plack ze bidden huet.
headphones

15 min

play_arrow

Jacques Brel - Knokke (1963)

1963 gouf den Optrëtt vum Jacques Brel am Casino zu Knokke opgezeechent - als Album koum awer eréischt 30 Joer duerno op de Maart.
headphones

12 min

play_arrow

Depeche Mode - Songs of Faith and Devotion

Déi 8.Studioplack vun Depeche Mode, "Songs of Faith and Devotion" war een Albdram opzehuelen
headphones

14 min

play_arrow

Suede - Suede (1993)

Nieft Blur an Oasis zielt och Suede zu de Vertrieder vum Britpop. Hiren Debut "Suede" vun 1993 ass eng vun de wichtegste Placke vum Genre.
headphones

11 min

play_arrow

The Beatles - Please Please Me (03/1963)

Am Mäerz 1963 koum den Debutalbum vun de Fab Four aus Liverpool eraus.
headphones

10 min

play_arrow

Een Hoer ewech vum Gedanken, vum Gefill

An der Rou läit d'Kraaft ... an d'Zerbriechlechkeet. De Mark Hollis seet 1998 mat engem Soloalbum der Musek Äddi.
headphones

10 min

play_arrow

Nina Hagen Band (02/1978)

Den Debutalbum vun der Nina Hagen koum am Februar 1978 um Label CBS eraus.
headphones

9 min

play_arrow

Dr. John - In The Right Place

Dem Mac Rebenack alias Dr. John säin erfollegräichsten Album "In The Right Place" koum am Februar 1973 op de Maart.
headphones

32 min

play_arrow

Déjà Vu - John Martyn / Solid Air (1973)

Dem John Martyn seng Wuerzele leien am traditionelle Folk - mat sengem 1973er Album "Solid Air" huet hien de Genre e Stéck wäit nei erfonnt.
headphones

10 min

play_arrow

Leonard Cohen - I'm Your Man (02/1988)

Deen aachte Studioalbum vum Kanadier Leonard Cohen koum am Februar 1988 eraus um Label Columbia
headphones

14 min

play_arrow

D'Ufäng vum Alternative Country

D'Lucinda Williams ass eng Pionéierin vum Alternative Country. Mam Album "Lucinda Williams" ass hir 1988 den Duerchbroch gelongen.
headphones

9 min

play_arrow

The Byrds - The Notorious Byrd Brothers (1968)

De musikaleschen Héichpunkt vun der Karriär vun der kalifornescher Rockband 1968, nëmme fir sech duerno an aner Projeten opzeléisen a sech ze reconfiguréieren.
headphones

13 min

play_arrow

Eurythmics - Sweet Dreams (Are Made of This)

Am Januar 1983 koum mat "Sweet Dreams are Made of this" den Album vum Duo Annie Lennox/Dave Stewart eraus.
headphones

64 min

play_arrow

Brian Eno - Before And After Science (1977)

Dem Brian Eno seng véiert Soloplack, "Before and After Science" aus dem Dezember 1977, ass komplett anescht wéi de Punk a Prog Rock du jour ...
headphones

10 min

play_arrow

Méi wéi "Last Christmas"

Passend bei d'Saison léisst den Déjà-Vu vun dëser Woch Chrëschtdagsklassiker Revue passéieren.
headphones

11 min

play_arrow

Bob Dylan - John Wesley Harding

De Bob Dylan am éischter akustesche Look op sengem Release aus dem Dezember 1967
headphones

11 min

play_arrow

Jimi Hendrix Experience - Axis: Bold As Love (1967)

Um Monterey Pop Festival 1967 huet den Jimi Hendrix zum Enn vum Conecert séng Gittar verbrannt, an domat d'Bild vu sénger Legend erschaf.
headphones

10 min

play_arrow

Déjà Vu - Carly Simon - No Secrets (1972)

Mam Album "No Secrets" a virun allem mat der Single "You're so vain" ass der Songschreiwerin Carly Simon 1972 e Klassiker gelongen.
headphones

10 min

play_arrow