Mat "The Notorious Byrd Brothers" erreecht déi kalifornesch Rockband 1968 de musikaleschen Héichpunkt vun hirer Karriär, nëmme fir sech duerno an aner Projeten opzeléisen a sech nei ze configuréieren. Trotz heftege Streidereien tëschent de Bandmemberen huet dësen Album déi duussten a lëftegst Lidder, déi d'Byrds jee wäerten erausbréngen. En ass vun der Produktioun hier deen Éischten op der Héicht vun der Band hiren Iddien. Tëschent Traditioun a Futurismus bidden dës eelef Tracks eng faszinéierend Mëschung tëschent Folk, Rock, Country, psychedeeleschen Elementer an Jazz.
De Marc Clement huet fir eis an dës genee 55 Joer al Plack eragelauschtert.