De Brel bleift iwwer säin Doud am Joer 1978 ee vun de ganz Groussen am Beräich Chanson. Den Optrëtt 1963 am Casino zu Knokke war laang Joren an den Archive klasséiert, ouni datt et zu enger Publikatioun komm wier. Et ass d'Fondatioun, déi säin Numm dréit an déi 1981 vu sengem Meedchen France Brel an d'Liewe geruff gouf, déi d'Bänner vun deemools iwwerschafft an op de Maart bruecht huet.
Um Album fënnt een eelef Lidder - an der beschtméiglecher Tounqualitéit -, ergänzt ginn dës duerch en Interview mam Chansonnier aus dem Joer 1971.
E Bléck zeréck mam Fred Medernach