Aktuelles
Eng Rekordzuel u Kandidatinnen an den US-Midterm-Wahlen
Normalerweis leit an de Midterm-Wahlen an den USA déi Partei, déi um Pouvoir ass. Dëst Joer dierft dat och de Fall sinn, an Demokraten si besonnesch optimistesch, datt si op d'mannst kennen d'Representantenhaus zeréckgewannen. Éischt Warnunge fir d'republikanesch Partei koume mat der Rekordzuel u Fraen, déi dëst Joer fir den amerikanesche Kongress kandidéieren. 24 Prozent vun de Kandidaten a Kandidatinne si Fraen. Dëst Joer huet d'Presidence vum Donald Trump Fraen inspiréiert, net nëmmen a Rekordzuelen ze protestéieren, wéi dat den Dag no senger Investitur de Fall war. De Kongress ass deen nächste Schrëtt. Detailer vun eisem Korrespondent Philip Crowther.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)