arrow_back_ios
Aktuelles
De Journalist Jamal Khashoggi gouf wuel vu Saudi-Arabien ermort
Amerikanesch Medie mellen, datt Saudi-Arabien prett ass zouzeginn, datt si de Journalist Jamal Khashoggi an hirem Konsulat zu Istanbul ermort hunn. D'Enquête vum Kinnekräich soll zouginn, datt de Khashoggi virun zwou Wochen ausgefrot gouf an als Akzident ëmbruecht gouf.
D'Trump-Regierung huet an Tëschenzäit den Ausseminister Mike Pompeo op Riyadh geschéckt fir méi erauszefannen. De President Donald Trump hat annoncéiert, datt d'USA prett wiere fir ee vun de gréissten Alliéierte vun den USA ze bestrofen.