arrow_back_ios
Aktuelles
LuxPlaymoDays 2018
Déi meescht vun eis kennen déi kleng Plastiksfiguren, déi an de verschiddenste Formen opdauchen, Ritter, Bauaarbechter, an nach villes méi. Zanter de 70er Jore fënnt een de Playmobil an de Kannerzëmmeren. Muer an e Sonndeg kann ee sech zu Kënzeg vun der Vilfalt, déi et an der Playmobil-Welt gëtt, iwwerzeegen. Do ginn nämlech déi 13. LuxPlaymoDays organiséiert. Doriwwer huet de Pit Walté mam Claude Hengel geschwat, President vun de Playmo-Frënn Lëtzebuerg. Do goung et dann och ëm d'Fro, wéi een op d'Iddi koum, esou e Veräin ze grënnen.