arrow_back_ios
Aktuelles
Dr. Simone Steil vum Gesondheetsministère
Déi sexuell iwwerdroen Infektiounen huelen zu Lëtzebuerg erëm zou - déi meescht Leit hu jo bei esou Krankheeten virun allem den HI-Virus am Kapp - mee vergiessen awer, datt et nach ganz vill aner Krankheete gëtt. Fir doriwwer opzeklären huet de Gesondheetsministère elo eng nei Summer-Campagne lancéiert: "Ne jouez pas avec votre santé". D'Dokter Simone Steil vun der Santé huet Explikatiounen am Gespréich mam Tessy Steffen Koenig.