Aktuelles
Mathias Lentz vun der Confédération des Brasseries et des Brasseurs
"Lëtzebuerg war schonn ëmmer e grousst Béierland", seet de Mathias Lentz, President vun der Confédération des Brasseries et des Brasseurs. An de 60er Jore goufen et 12 grouss Brauereien. Bis 2006 hu sech déi eenzel Brauereien awer ënnerteneen opkaaft. Haut ginn et ronn 30 Brauereien hei am Land, dovunner dräi grousser. De Klassiker ënner dem Béier war bis 2006 de Pils. Duerno huet de Craft Mouvement aus den USA säi Wee och op Lëtzebuerg fonnt. Am Gespréich mam Tessy Steffen Koenig erzielt de Mathias Lentz vun der CBBL, wéi sech d'Béierzorten- a Marken nei erfannen a wéi sech d'Drénkgewunnechten zu Lëtzebuerg geännert hunn.