Aktuelles
Illegal Spillautomaten: dausenden Euro Recettë fir de Cafetier
Duerch déi eigentlech net erlaabte Spillbornen an de Caféen, kënnen et fir de Café-Bedreiwer e puer dausend Euro Recettë pro Mount ginn: dat schätzt d'Horesca. Déi national Federatioun vun den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren stellt awer a d'Fro, ob d'Automaten an de Caféë wierklech illegal sinn.
Duerch geschaten 1.000 illegal Spillbornen an de Caféen uechtert d'Land géif d'National Lotterie un existenziell Schwieregkeete stoussen: dat hat de President vun der Oeuvre Nationale Pierre Bley Ufank Juli am Interview hei um radio 100,7 gesot. D'Lotterie misst duerch déi illegal Konkurrenz an Zukunft ëm hir Recettë fäerten.
An enger rezenter Kommunikatioun huet de Parquet nach emol drop opmierksam gemaach, datt déi Apparater illegal sinn.