Aktuelles
Lescht ligne droite bei de Brexit-Verhandlungen
Während enger Orientéierungsdebatt iwwer de Brexit, gëschter an der Chamber, hu sech d'Deputéiert besuergt gewisen, datt bis den Delai vum 31. Oktober eventuell keen Accord iwwer e geregelten Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun kéint fonnt ginn. Nom 31. Mäerz d'nächst Joer soll de Brexit a Kraaft trieden. D'Zäit leeft, mee déi britesch Regierung schéngt sech net eens ze sinn iwwer d'Positioun, déi ee bei de Verhandlunge mat der EU soll anhuelen.Trotz der aktueller Situatioun huet sech d'Regierung zouversiichtlech gewisen, och fir de Fall vun engem "no deal". Ee Baitrag vum Michel Delage.