arrow_back_ios
Aktuelles
Info-Owend iwwer Nuetsflich um Findel
"Fir eng besser Nuetsrou um Findel": esou war en Diskussiounsowend mam gréngen Nohaltegkeetsminister François Bausch gëschter Owend um Cents iwwerschriwwen. Eng 60 Leit ware komm, fir vum François Bausch Informatiounen ze kréien - konkret Chifferen z. B., oder och, wat seng Pläng sinn, fir de Problem vun den Nuetsflich besser an de Grëff ze kréien -, fir Froen ze stellen a Remarken ze maachen oder fir einfach nozelauschteren. E Reportage vum Maurice Molitor.