arrow_back_ios
Aktuelles
Walmeeting déi Lénk
"Engagéiert fir Verännerung" - mat deem Slogan ginn déi Lénk an de Walkampf fir d'Chamberwalen am Oktober. Déi Lénk hu gëschter als éischt Partei hiren offizielle Walprogramm presentéiert. Och d'Kandidate goufe presentéiert - d'Partei geet mat 32 Fraen an 28 Männer an d'Walen, den Altersduerchschnëtt läit bei knapp 45 Joer. D'Fanny Kinsch war um Walmeeting gëschter an huet e puer Andréck matbruecht.