arrow_back_ios
Kultur
Lët'z Arles 2018: de Countdown leeft
2017 war Lëtzebuerg eng éischte Kéier op den international renomméierte Rencontres d'Arles vertrueden. Ënner dem Motto Flux Feelings huet d'Asbl Lët'z Arles an der Chappelle de la charité zu Arles eng 30 Foto-Kënschtler mat Bezuch zum Grand-Duché presentéiert. Fir déi 49. Editioun vum Fotografie-Festival dëse Summer goufen d'Laurianne Bixhain an de Pasha Rafiy selektionéiert. D'Kerstin Thalau huet mat deenen Zwee iwwer d'Preparatioune geschwat.