arrow_back_ios
Kultur
Den Art déco an der Hôtellerie zu Lëtzebuerg
Tëscht den zwee Weltkricher am leschte Joerhonnert war och zu Lëtzebuerg den Art-déco-Stil an den ënnerschiddlechste Konscht- a Konschthandwierksdomainer beléift. Déi national Successtory vum Nofolger vum Jugendstil a Precurseur vum Modernismus gëtt bis de 4. November 2018 an enger Expo am Nationalmusée thematiséiert. An deem Kader proposéiert d'Konschthistorikerin Antoinette Lorang d'Konferenz "Quand les hôteliers adoptent l'Art déco". D'Kerstin Thalau ass méi gewuer ginn.