Kultur
E Revolutionär am Jazz
De schwedesche Pianist Esbjörn Svensson huet op sengem Instrument deels méi rabiat awer dann och nees ganz douce geschafft. Et huet een am Svensson senger Musek e muskléierte Groove a couragéiert Improvisatioune fonnt, mee awer och e Vermësche vu Pop mat Nordic-Folk, nieft dann nees komplizéierte klassesche Stréimungen. Et kann ee esouguer soen, datt de Svensson den Jazz erneiert huet a mat Kreativitéit a Courage dës Musek och engem neie Publikum opgemaach huet. Virun zéng Joer ass den Esbjörn Svensson bei engem Dauchaccident gestuerwen, mee säin Afloss op den Jazz ass bliwwen. E Portrait vum Jean Claude Majerus.