arrow_back_ios
Aktuelles
"Manner radikal, méi Establishment"
De wichtegste Verdéngscht vun déi gréng ass, datt haut quasi all d'Parteien d'Ekologie an hire Programm opgeholl hunn. D'Partei hätt awer eng Rei Akzenter net richteg gesat. Dat seet de Grënnungsmember Jean Geisbusch am 100,7-Interview. Déi gréng Partei huet gëschter Owend hir 35 Joer gefeiert. De Jean Geisbusch war gréngen Deputéierten tëscht 1992 an 1994. De Jean-Claude Franck huet sech mat him ënnerhalen.