Aktuelles
Lancement vun der Sensibiliséierungscampagne #Respekt112
De respektvollen Ëmgang matenaner misst eigentlech eng Selbstverständlechkeet sinn. An ëmsou méi, wa bis Leit betraff sinn, déi sech gréisstendeels souguer fräiwëlleg fir hir Matmënschen engagéieren, als Pompjeeën oder Secouristen. An de leschte Wochen a Méint gouf awer kloer, datt genee de Contraire de Fall ass. Héich Zäit also fir eng grouss Sensibiliséierungscampagne vum Inneministère an Zesummenaarbecht mat der Administration des Services de Secours. De Paul Schroeder gëtt Explikatiounen am Gespréich mam Gilles Wunsch.