arrow_back_ios
Aktuelles
Véier Plaintë géint "Zwangszoustëmmung"
Déi nei Méiglechkeeten a Rechter, déi dat neit europäescht Dateschutzreglement de Bierger gëtt, ginn elo och direkt genotzt: "Noyb.eu - Europäeschen Zentrum fir digital Rechter", huet haut Plaintë géint Google, Instagram, WhatsApp a Facebook agereecht. Dat fir sech géint "Zwangszoustëmmungen" ze wieren, erkläert den Éisterräicher Dateschutzaktivist Max Schrems, ee vun de Fondateuren vun der ASBL, am Gespréich mam Pia Oppel.