arrow_back_ios
Aktuelles
Camille Gira: eng Reaktioun vum Christiane Wickler
Am Alter vun 59 Joer ass gëscht iwwerraschend de Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira gestuerwen. Hien ass op der Chamberstribün zesumme gebrach während der Debatt iwwert d'Naturschutzgesetz. Eng vun de ville Reaktiounen no sengem stënterlechen Doud, ass déi vun der fréierer Grénger Deputéiert a Geschäftsfra Christiane Wickler. Am Réidener Kanton hate si op ville Projete mam fréiere Buergermeeschter vu Bierkerech zesumme geschafft.