arrow_back_ios
Aktuelles
Luxair Resultater 2017
D'Luxair huet d'Geschäftsjoer 2017 mat engem Nettobenefice vun 9,5 Milliounen Euro ofgeschloss an hiert Resultat domat am Verglach mam Joer virdrun méi wéi verduebelt. Dat gutt Resultat verdankt de Grupp virun allem dem Tour Operator Luxair Tours an dem Cargo Center, déi hir Resultater verdräifacht respektiv verduebelt hunn. D'Airline bleift dogéint, mat engem Minus vu 6,3 Milliounen Euro, defizitär. Detailer mam Maurice Molitor.