Aktuelles
Lëtzebuergesch Schreifweis vun den Uertsnimm
De CPLL - dat ass de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise - huet elo festgeluecht, wéi d'Nimm vun den Uertschaften, vun de Lieu-diten an de Quartiere vun de Stied hei am Land op Lëtzebuergesch geschriwwe ginn. D'Resultat vun där Aarbecht ass en Excel-Fichier, dee jidderee sech op cpll.lu, um Site vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, erofluede kann. Hanner dem offizielle franséischen Numm vun den Uertschafte stinn doran dann den Numm op Lëtzebuergesch, wéi en elo festgehalen ass, mee och lokal a regional Varianten, déi gebraucht ginn. De Maurice Molitor huet sech mam Marc Barthelemy, dem President vum CPLL ënnerhalen.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)