Aktuelles
Service d'aide aux victimes
Méi wéi 36.000 Strofdote goufen d'lescht Joer zu Lëtzebuerg registréiert. De Service d'aide aux victimes lauschtert den Affer vun enger Strofdot no a bitt hinnen Hëllef un. Dobäi ass et wichteg, wéi grave dës Strofdot war oder wéi al d'Persoun ass, déi Hëllef sicht. Et wier wichteg, datt d'Persoun, déi en Trauma erlieft huet eng zentral, staatlech Ulafplaz hätt, bäi där si professionell gehollef ka kréien. De Chris Zeien huet mat der Manou Schmit, enger Psychologin beim Service d'Aide aux Victimes vum SCAS (Service Central d'assistance sociale) geschwat.