arrow_back_ios
Aktuelles
Welt-Parkinson-Dag
D'Nerven- a Gehirkrankheet Parkinson gehéiert nach ëmmer zu den onheelbare chronesche Krankheeten. Mee de Verlaf vun der Krankheet léisst sech haut mat Medikamenter an der richteger Therapie beherrschen, obwuel et nach keng Heelung gëtt. Haut um Welt-Parkinson-Dag (11.4.) huet de Chris Zeien mam Dokter Alexandre Bisdorff, dem President vun der Neurologescher Gesellschaft Lëtzebuerg iwwer d'Krankheet geschwat.