Aktuelles
Student fir een Dag
Studenteliewen, wat ass dat? Eng Fro, déi sech wuel vill jonk Leit stellen, wann et bis drëms geet ze iwwerleeën, wat maachen ech elo no mengem Ofschloss. Wou ginn ech studéieren? Wat kann ech wou studéieren? Wéi geet dat iwwerhaapt op der Uni? Wat muss een alles do maachen? Wéi ee System huet d'Uni a wéi engem Land? Et falen engem sécher vill Froen an. Abee d'ACEL, d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentencercelen organiséiert vun haut un nees hir Initiativ Student fir een Dag mat Dagesreesen an Universitéitsstied, wou Jonker en Abléck an d'Studenteliewe kréien. De Jean Claude Majerus huet mat der Nora Hansen, Vizepresidentin vun der ACEL geschwat.