Aktuelles
Verkéierssituatioun an der Groussregioun
6 min
Stauen, besonnesch op der Tréier Autobunn grad ewéi der Diddelenger gehéiert scho bal zum Alldag. AN nach ass et net evident all Dag mat Zäiten op der Aarbecht ze dinn. Soubal op engen vun den Autobunnen en Accident oder soss e Problem ass, dat steet de Buttek. Et ass eben eng Realitéit datt all Dag dausenden vun Frontalieren op Lëtzebuerg schafen kommen, an dat huet natierlech Repercussiounen op de Verkéier an der Groussregioun grad ewéi zu Lëtzebuerg. An genee mat em Thema der Verkéiresituatioun an der Groussregioun beschäftget sech d'Equipe ronderëm Diplom-Ingenieurin Professer Dokter Karina Pallagst am Département International Plannungssystemer am Fachberäich Raum- an Ëmweltplannung op der Technescher Universitéit Kaiserslautern.